Government of the Grand Duchy of Luxembourg

06/22/2026 | Press release | Distributed by Public on 06/22/2026 06:35

De Lex Delles an d'Beryl Koltz zéien de Bilan vun 10 Joer vun der Initiativ LuXembourg – Let's Make It Happen a presentéieren den Aktiounsplang 2026-2030

Zéng Joer nom Start vun der Initiativ LuXembourg - Let's Make It Happen (LMIH) hunn de Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, Lex Delles an d'Verantwortlech vun der Cellule Image de Marque, déi dem Wirtschaftsministère ënnerstallt ass, Beryl Koltz, de Bilan vun der Initiativ gezunn an hir nei strategesch Orientéierunge fir d'Period 2026-2030 virgestallt. Si hunn och offiziell den Anniversairesprogramm lancéiert, dee virgesinn ass fir e Joerzéngt vu kollektivem Engagement am Déngscht vum Image vu Lëtzebuerg ze feieren.

De Bilan vun 10 Joer kollektivem Engagement

D'Initiativ "LuXembourg - Let's Make It Happen" (LMIH), déi den 10. Oktober 2016 lancéiert gouf, huet als Zil, déi vill Acteure vun der Promotioun vu Lëtzebuerg ronderëm eng authentesch a kohärent Kommunikatioun zesummenzebréngen, fir den Image vum Land op internationalem Niveau ze stäerken. An zéng Joer huet si sech als strukturéiert Netzwierk etabléiert, dat Institutiounen, den ëffentlechen a private Secteur souwéi d'Zivilgesellschaft vereent an domat zur Resilienz an zur Visibilitéit vu Lëtzebuerg bäigedroen huet - trotz engem Kontext, dee vu Krise gepräägt war.

No enger grëndlecher Analys vun den Aktivitéiten zënter der Grënnung vun der Initiativ, ënner anerem duerch bilateral Consultatiounen, anonym Ëmfroen, Perceptiounsetüden am Ausland an enger externer Evaluatioun vum Aktiounsplang 2021-2025, konnt e strukturéierte Bilan iwwer d'Entwécklung an den Impakt vun der Initiativ opgestallt ginn. Dëse weist eng Verbesserung vun der Bekanntheet an der Perceptioun vum Land, eng méi staark Mobiliséierung vun den Acteure ronderëm d'Mark souwéi eng Professionaliséierung an Ausweidung vum Promotiouns-Ökosystem.

Aktiounsplang 2026-2030 vu LuXembourg - Let's Make It Happen (LMIH)

Op Basis vun dësem Bilan gouf en neien Aktiounsplang fir d'Period 2026-2030 ausgeschafft, fir op d'Erfolleger vum éischte Joerzéngt opzebauen, d'Kohärenz vun den Aktivitéiten ze stäerken an d'Bekanntheet souwéi déi positiv Perceptioun vu Lëtzebuerg an der Welt nohalteg auszebauen.

Den Aktiounsplang 2026-2030 vu "LuXembourg - Let's Make It Happen" déngt domat als neie strategesche Kader fir d'Aktivitéite vun der Cellule Image de Marque. Hie soll d'Koordinatioun an d'Kohärenz tëscht den Acteure vun der Promotioun vu Lëtzebuerg stäerken a baséiert op dräi strategeschen Achsen:

  • Inspiréieren (Reflexioun an Iddie stimuléieren);
  • Ënnerstëtzen (Initiative begleeden);
  • Iwwerwaachen (den Impakt moossen an d'Kohärenz garantéieren).

Dräi prioritär Handlungsfelder goufen zesumme mat de Partner vun der Promotioun identifizéiert als konkret Hiewele fir den aktuelle Besoine gerecht ze ginn, an dobäi flexibel vis-à-vis vun zukünftegen Entwécklungen ze bleiwen:

  • En attraktiivt "Young Luxembourg" fir Talenter promouvéieren;
  • D'Positioun vum Land am Beräich Innovatioun an Afloss stäerken;
  • D'Liewensqualitéit duerch "Luxembourg. Easy & Tasty." valoriséieren.

An engem onsécheren internationale Kontext mécht dësen Aktiounsplang de Wee fräi fir eng besser Miessung vum Impakt, eng méi strukturéiert Analys vun de Promotiounsbeméiungen an en Entscheedungsprozess, deen nach méi op Analysen opbaut. De Plang bestätegt och d'Missioun vun der Cellule Image de Marque als Koordinatiounsplattform vun den Acteure vun der Promotioun vu Lëtzebuerg. Hie soll d'Fäegkeet vun de Partner stäerken, op eng ofgestëmmten, kloer an effizient Manéier am Déngscht vum Image vum Land ze handelen.

Déi 10 Joer mat enger immersiver a kollektiver Erfarung feieren

Am Kader vum 10. Gebuertsdag huet d'Initiativ LuXembourg - Let's Make It Happen och eng innovativ Kommunikatiounscampagne mam Titel "LuXembourg. 10 Years. 10 Letters" lancéiert, déi et erlaabt, d'Land duerch déi 10 Buschtawen aus sengem Numm (erëm) ze entdecken. All Buschtaf steet fir ee spezifeschen Atout:

Lëtzebuergesch, Unique, X-tra, Europäesch, Multikulturell, Bildschéin, Oppen Innovatioun, IwwerraschUng, Revelatiounen, Grouss ginn.

Am Kader vun dëser nationaler an internationaler Multimedia-Campagne gëtt e Summer-Spill organiséiert, dat sech un Awunner a Visiteure riicht: de LuXembourg 10-Letter Challenge, fir Lëtzebuerg duerch Erliewe, Begéinen a Matmaachen ze entdecken.

Vum 22. Juni bis den 22. September 2026 si Grouss a Kleng invitéiert, am ganze Land op d'Sich no 10 risege Buschtawen ze goen, déi op emblematesche Plazen opgeriicht ginn (Patrimoine, Kultur, Innovatioun, Natur a Wäibau).

All Etapp bitt:

  • Eng immersiv Erfarung (Augmented Reality iwwer QR-Code);
  • Eng direkt Belounung an d'Chance, en Openthalt am Wäert vun 800 € ze gewannen (Schlussauslousung);
  • Gratis Zougang dank dem gratis ëffentlechen Transport.

D'Zil ass et, Lëtzebuerg als lieweg a gemeinsam gedroe Mark ze positionéieren a jiddereen dozou ze motivéieren, Ambassadeur vum Land ze ginn.

D'Campagne gëtt duerch exklusiv Artikele vun der LuXembourg Collection verlängert, déi am LuXembourg House verkaf ginn.

Nei emblematesch Plaze fir d'Erfarung vun der Mark vum Land ze stäerken

Dëst Joer wäert och duerch d'Ouverture vun neie Raimlechkeete gepräägt sinn, déi d'Präsenz vun der Mark vum Land am Alldag vu Visiteuren an Awunner stäerke sollen.

1. Dat neit LuXembourg House

Enn 2026 plënnert d'LuXembourg House op de Konrodseck, am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg (2, rue du Marché-aux-Herbes).

Dës nei Plaz soll eng Vitrinn vum lëtzebuergesche Know-how an der Kreativitéit ginn. Ugebuede gëtt eng Auswiel vu Produite made in Luxembourg, dorënner Objeten, Terroir-Produiten, Wäiner a Cremanten aus dem ganze Land.

Op engem partizipative Modell baséierend, valoriséiert d'LuXembourg House d'Aarbecht vun Handwierker, Produzenten a Wënzer, besonnesch duerch d'LuXembourg Collection, an erzielt dobäi immersiv Geschichten iwwer hir Parcoursen. Gläichzäiteg gëtt d'lëtzebuergesch Sprooch als Ausdrock vun der kultureller Authentizitéit ervirgehuewen.

D'Ambitioun ass et, jidderengem d'Méiglechkeet ze ginn, en authentescht Stéck Lëtzebuerg mat heem ze huelen.

2. D'Mark LuXembourg um Fluchhafen

Parallel dozou wäert de Fluchhafe Lëtzebuerg, déi éischt Aganksdier vum Land fir méi wéi fënnef Millioune Passagéier pro Joer, seng Zesummenaarbecht mat der Mark vum Land verdéiwen.

No der Installatioun vun emblematesche Schrëftzich am Joer 2025 an der Ouverture vun engem Pop-up Store am Joer 2026, wäerten an Zukunft nach nei Installatiounen d'Reeserfarung beräicheren.

En interaktiven digitale Schrëftzuch gëtt baussen installéiert, wärend eng immersiv Installatioun an e Beräich fir d'LuXembourg Collection am Terminal ageriicht ginn, fir d'Visiteuren an d'Welt vu Lëtzebuerg anzeféiere, soubal si ukommen.

E Jubiläumstimber fir d'Bild vu Lëtzebuerg iwwer seng Grenzen eraus bekannt ze maachen

Fir dëst Joerzéngt ze feieren an de Partage ze encouragéieren, gouf an Zesummenaarbecht mat POST Luxembourg e Jubiläumstimber geschaf.

Zesumme mat enger origineller Postkaart an der Form vun engem "X", dem Symbol vun der Mark, erméiglecht si Awunner, Visiteuren a Partner hir Verbonnenheet mam Land auszedrécken an et wäit iwwer seng Grenze bekannt ze maachen.

Mat all dësen Initiative feiert LuXembourg - Let's Make It Happen zéng Joer gemeinsamen Engagement a bestätegt gläichzäiteg seng Ambitioun: d'Gemeinschaft vu LuXembourg - Let's Make It Happen als nohalteg kollektiv Kraaft am Déngscht vun engem positiven Image vu Lëtzebuerg an der Welt weider auszebauen.

Zum Ofschloss vun der Pressekonferenz huet de Lex Delles erkläert:

"Duerch LuXembourg - Let's Make It Happen huet Lëtzebuerg gewisen, datt e klengt Land seng Ausstralung stäerke kann, wann et mat enger Stëmm schwätzt. Mat dësem Aktiounsplang wëlle mir nach e Schratt méi wäit goen an aus eisem Image en Hiewel fir d'wirtschaftlech Entwécklung maachen. Konkret Projete wéi d'LuXembourg House droen dozou bäi. Dësen Anniversaire ass och eng Geleeënheet, all eise Partner, Institutiounen, Entreprisen an Acteuren e grousse Merci auszespriechen, déi dozou bäigedroen hunn, d'Projete fir déi 10 Joer LuXembourg - Let's Make It Happen ze entwéckelen an ëmzesetzen, souwéi all deenen, déi all Dag dozou bäidroen, Lëtzebuerg méi bekannt a beléift ze maachen an domat als Ambassadeure vum Land wierken."

Communiqué vum Wirtschaftsministère

Government of the Grand Duchy of Luxembourg published this content on June 22, 2026, and is solely responsible for the information contained herein. Distributed via Public Technologies (PUBT), unedited and unaltered, on June 22, 2026 at 12:35 UTC. If you believe the information included in the content is inaccurate or outdated and requires editing or removal, please contact us at [email protected]