Government of the Grand Duchy of Luxembourg

07/01/2026 | Press release | Distributed by Public on 07/01/2026 05:35

Wat eng Frechheet!

Dëst ass de Slogan vun der ZLS-Campagne, bei där sech alles ëm déi méi frech Säit vun der Lëtzebuerger Sprooch dréit.

Déi nächst Wochen heescht et d'Aen opmaachen, wann Dir ënnerwee sidd! Am ëffentleche Raum wäert Dir nämlech deemnächst där enger oder anerer Frechheet iwwer de Wee lafen. Déi flott illustréiert Wierder sollen awer beileiwen net (just) beleidegen! Se sinn am Fong näischt anescht ewéi déi logesch Konsequenz dovun, dass d'Kategorie mat de Frechheeten eng vun de beléiftsten am Lëtzebuerger Online Dictionnaire ass. Effektiv interesséiere kaum Wierder d'Leit an enger Sprooch méi ewéi d'Frechheeten.

Dat Bescht un där ganzer Saach ass awer, dass Dir iwwer de Site www.frechheeten.lu fir Är Liblingsfrechheete kënnt ofstëmmen! A mat e bësse Chance kënnt Dir um Enn vun dësem Voting esouguer eppes gewannen.

A wann d'Visuelle vun der Campagne Iech gefalen, da kënnt Dir dës och iwwer de Site eroflueden.

Government of the Grand Duchy of Luxembourg published this content on July 01, 2026, and is solely responsible for the information contained herein. Distributed via Public Technologies (PUBT), unedited and unaltered, on July 01, 2026 at 11:35 UTC. If you believe the information included in the content is inaccurate or outdated and requires editing or removal, please contact us at [email protected]